Péngschtvakanz21 vun am Ganzen 712 Luxair-Flich goufen annuléiert

RTL Lëtzebuerg
An der Woch vum Ufanksweekend vun der Péngschtvakanz goufen 21 vun alles an allem 712 Flich annuléiert. Dat sinn 2,9%.

D’Woch drop waren et just nach 2 Flich also, 0,28%. Dat äntwert de Mobilitéitsminister Francois Bausch e Freideg op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.

D’Erklärung fir d’Annulatiounen schreift de Francois Bausch esou: “D’Ursaache waren haaptsächlech technescher Natur an déi doduerch kaskadéierend operationell Konsequenzen - duerch ongewéinlech an Akkumulatioun vu Problemer, déi net virauszegesi waren, trotz Reserve-Fliger - konnten net méi opgefaange ginn.”

Back to Top
CIM LOGO