Wéi d'CFL an engem Communiqué matgedeelt hunn, kann de Quai III zu Ettelbréck elo ugefuer ginn. Dëst wier e wichtege Schratt, fir d'Nordstad unzebannen.

D'Aarbechten an a ronderëm d'Gare zu Ettelbréck ginn awer nach bis 2023, bis de Park and Ride fäerdeg ass dauert et souguer nach ee Joer méi laang. Aktuell sinn d'Quaien II an III awer just iwwert de Souterrain Nord z'erreechen. De Souterrain Sud soll am Summer 2022 fäerdeg sinn.