En Donneschdeg den Owend ass zanter laangem nees e Laangstreckefluch um Findel gelant.

Den éischte Fluch vun der Fluchgesellschaft China Southern huet sech en Donneschdeg de Moien Auer op de Wee op de Findel gemaach. Eng 300 Passagéier si géint 9.21 Auer mam Fluch CZ 677 an enger Airbus A350-900-Maschinn zu Guangzhou gestart.

Wéi et op Flightradar24 steet, ass de Fliger, deen en Tëschestopp zu Zhengzhou mécht, mat liichter Verspéidung um 3.04 Auer lokal Zäit zu Guangzhou fortgeflunn an ass géint 19.14 Auer zu Lëtzebuerg ukomm.

Den éischte Fluch zréck a China geet dann e Freideg um 15 Auer vum Findel fort.

Wärend der Corona-Pandemie gouf et iwwerdeem scho Cargofliger wéi zum Beispill vu China Eastern Cargo, déi um Findel gelant sinn.