
Doduerch ass dann och d’Grenzregioun Lëtzebuerg-Belsch vun dësem Streik betraff an do virop d’Autobunn E411 Bréissel-Lëtzebuerg.
Ma och op anere Plaze kéint et stauen. Esou gouf annoncéiert, datt een um Echangeur Weyler bei Arel vun e Méindeg de Moie 6 Auer un e Blockage opriicht, esou datt et mat Perturbatiounen am Trafic a Richtung Lëtzebuerg ze rechnen ass.