Nei Reegele fir d’Pneuen am Wanter
Vun dësem Wanter u gëlle bei eisen Noperen an Däitschland an a Frankräich nei Reegele wat d'Pneuen ugeet.
Bei de sougenannte "M+S"-“All-Weather”-Pneue si just nach déi Modeller mat de gezackte Lamellen an deem Schnéiflack-Symbol erlaabt.
An Däitschland gëtt déi nei Reegel vum 1. Oktober un. Déi adequat Pneue sinn hei awer just Flicht, wann et schneit oder glat ass.
A Frankräich ass d’Situatioun e bëssi anescht. Hei muss ee vum 1. November bis den 31. Mäerz Wanterpneuen oder All-Wieder-Pneue mat Schnéiflack-Symbol um Auto drop hunn. Dat awer just a verschiddene Regioune vum Land, wou Bierger sinn oder et méi dacks schneit.
Zu Lëtzebuerg sinn All-Wieder-Pneuen, och déi, déi just de "M+S"-Label hu weiderhin ouni Restriktiounen erlaabt. Ma och wann et hei am Land net Flicht ass, recommandéieren d’Pneuenhändler an och den ACL, datt ee wa méiglech just “All-Weather”-Pneue mat Schnéiflack-Symbol soll kafen. Am Wanter wär een domadder méi sécher ënnerwee.