Lëtzebuerger Start-up mat globalen Ambitiounen
E mécht quasi kee Kaméidi, richt net, soll méi propper si wéi de Verbrenner. Ma ee groussen Nodeel vum Elektro-Auto bleift nach ëmmer: d'Lueden.
Ween net Proprietär ass an eng eege Garage huet, fir eng Borne ze installéieren, ween a senger Residenz net d‘Majoritéit vun de Proprietären iwwerzeegt kritt, fir nozerëschten, oder och net op der Aarbecht d‘Geleeënheet huet, fir opzelueden, deem ka säin E-Auto alt mol Stress bereeden.
Click4Charge huet jorelaang un der Solutioun getüftelt. Eng Elektro-Camionnette, per Klick op der App bestallt, déi op d’Plaz kënnt an den E-Auto bannent 30 Minutte komplett rechargéiert. De Client muss dofir net op der Plaz sinn. Entweder hie léisst d’Luedklapp bäi oder entspäert se op Distanz, soubal de Luedwon do ass.
E puer Klicks fir d’Auerzäit auszesichen a seng Plaz unzeginn, schonn ass d’Recharge bestallt. D’Abonnement - 149€ de Mount, zwar fir eng illimitéiert Zuel vu Rechargen – muss ee sech och leeschte kënnen a wëllen. Et géif si effektiv méi deier ginn, wéi wa si selwer luede géif, seet d’Virginie Ducommun. Si gehéiert zu den éischte Clienten, huet selwer keng Borne doheem. “Mais en même temps, je gagne du temps, des efforts, de la charge mentale etc, je m’occupe de rien.”
Vill Recherche an Entwécklung hannendrun
De Betrib vu Weiler zum Tuer huet viru kuerzem mat der Kommerzialisatioun ugefaangen an deemno réischt e Grapp voll Clienten. De Privatclient ass och just eng vun den Zilgruppen. Virop géif een d’Betriber viséieren, seet de Gilles Moro, CEO a Matgrënner vu Click4Charge.
“Aujourd’hui c’est surtout des B2B, les entreprises qui ont des flottes de voitures électriques, puis les engins de chantiers, toutes les entreprises de construction, et les compagnies de bus. De plus en plus.”
Eng Camionnette, déi en E-Auto opluede kënnt ... Wat einfach ausgesäit, ass et vun der Technologie hier net, erkläert de Click4Charge Matgrënner a Chef vun den Operatiounen, de Julien Friederich. D’Recherche an Entwécklung hätt Zäit a Geld kascht, e Brevet gouf deposéiert. D’Entreprise gouf vu Luxinnovation, vum Wirtschaftsministère a vum LIST ënnerstëtzt.
Wéi d’Firma am Juni 2022 lancéiert gouf, wär si Pionéier gewiescht. An der Tëscht hunn d’Geschäftsleit ee Konkurrent an Europa an dräi an den USA detektéiert. Grad d’Betriber aus Amerika hätte besser Kaarten, fir sech séier weider z'entwéckelen. Si kéime vill méi séier u Suen, wéi d’Entreprisen hei an Europa, bedauert de Gilles Moro.
Zil vu Click4Charge ass et elo mol, fir sech am Grand-Duché auszebreeden, Erfarungen ze sammelen an d’Technologie weiderzëentwéckelen. Op Dauer awer wëll d’Start-up vu Weiler zum Tuer hir Mark weltwäit etabléieren.