Diddeleng setzt op Vëloskompetenz an der Grondschoul
D’Stad Diddeleng setzt op de Service Santé Scolaire, fir d’Kanner bei hirer Vëlosaktivitéit ze begleeden.
D’Stad Diddeleng baut op de Service Santé Scolaire, fir d’Kanner bei hirer Vëlosaktivitéit an der Schoul z’ënnerstëtzen. Den Asaz fänkt mat engem sougenannten Helm-Check un, bei deem kontrolléiert gëtt, ob den Helm korrekt ugepasst ass.
Ier d’Kanner op de Parcours ginn, kréie si wichteg Sécherheetsinstruktiounen: Wéi hält een de Guidon richteg? Wéi bremst een effizient? Dës Grondlage ginn am Virfeld geprouft, éier et op de Parcours geet. Et ass en ofwiesslungsräiche Parcours, ofgeséchert vum Stroosseverkéier, dee mat engem Slalom ufänkt.
D’Zil: D’Kanner sollen de Vëlo net nëmmen fueren, mee och beherrschen. Laut der zoustänneger Schoulmeeschtesch stellt dëst eng Plus-Value fir d’Schoulkanner duer.
Fir Kanner, déi nach ni um Vëlo souzen oder sech nach onsécher fillen, gëtt eng fräi Übungsfläch ugebueden, wou si d’Basisfäegkeete léieren. Och Lafvëloe stinn zur Verfügung, fir déi, déi nach kee Gläichgewiicht hunn.
De Programm gëtt all Schoulklassen ugebueden. Beim Cycle 2 bleift d’Aktivitéit um geschützte Parcours, wärend déi méi héich Klasse souguer eng kleng Vëlostour maachen. Dem Service Santé Scolaire ass et wichteg, dass d’Kanner fréi léieren, sech sécher mam Vëlo fortzebeweegen. Och wann heiansdo eng Chute dobäi ass. De Spaass steet dobäi ëmmer am Mëttelpunkt.