Perte vun 2,3 Milliarden Euro am éischte Semester '25

© Jean-Marc Barrère / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
De Grupp, deem 15 verschidden Autosmarke gehéieren, mécht ënner anerem déi nordamerikanesch Stroftaxe responsabel fir déi alarmant Chifferen.
Den Automobil-Ris Stellantis huet fir dat éischt Semester 2025 eng Netto-Perte vun 2,3 Milliarden Euro genannt. Grënn dofir sinn, ënner anerem, de Réckgang vun de Verkafszuelen an Europa an déi ordonéiert Stroftaxe vun den USA.
Am éischte Semester 2024 hat de Grupp, zu deem 15 Autosmarke gehéieren, wuel nach en Nettobenefice vu 5,6 Milliarden Euro gemaach, mee och dat ware schonn 48 Prozent manner wéi nach dat Joer virdrun.
An den éischte sechs Méint vum Joer huet Stellantis e Chiffre d'affaires vu 74,3 Milliarden Euro ze verzeechnen - dat sinn 12,5 Prozent manner wéi 2024. Nieft dem zäitweilege Produktiounsstopp bei verschiddene Marken, bedéngt duerch déi nordamerikanesch Stroftaxen, ginn och nei Offeren um europäesche Marché als Grënn fir de Minus genannt, grad esou wéi déi ënnerschiddlech Entwécklungen um Marché vu wichtege Modeller aus dem eegenen Haus. Stellantis deelt donieft mat, dass Mesurë fir d'Performancen erëm ze verbesseren nach an engem fréie Stadium wieren, an eréischt am zweete Semester vum Joer déi erhoffte positiv Entwécklung op d'Chiffere wäerten hunn.
D'Zuele vun den ausgeliwwerte Gefierer bei de Concessionnairë sinn am éischten Trimester 2025 ëm 6 Prozent op 1,45 Milliounen Autoe gefall. Déi rezent Nominatioun vum Italiener Antonio Filosa zum neien Direkter vum Grupp ass op der aussergewéinlecher Generalversammlung vun den Aktionäre begréisst ginn.