5. Editioun vum Luxembourg Classic 2025 Oldtimer-Rallye
An zwou Etappe sinn 103 Oldtimer um Freiden an um Samschden duerch Lëtzebuerg gefuer. Ganzer 473 Kilometer goufe gefuer.
Déi 5. Editioun vum Luxembourg Classic Rallye huet vill Automobil-Enthusiasten ugezunn, déi queesch duerch d'Land konnte fueren: vum Süde bis an den héijen Norde konnten d'Participantë Lëtzebuerg op véier Rieder entdecken.
Den Depart vun der éischter Etapp war um Freide de Moien um Punkt 8.01 Auer, wou den éischten Auto fortgefuer ass. Déi zweet Etapp hat hire Start um Samschdeg de Moien. Béid Kéiere war de Start zu Wickreng.
Bei den Autoen ass et vu bis gaangen: Ferrari bis Opel, Porsche bis Mercedes. An och bei de Baujore ware ganz verschidde Joergäng dobäi: den eelste Modell war eng Bentley aus dem Joer 1924, de jéngste Modell vun 2008, engem Morgan Roadster.
Jidderee mat engem Oldtimer dierf um Rallye deelhuelen, sou den Organisateur, den Ed Goedert. Et misst een net prominent sinn oder Erfarung hu mat Rallyen, fir mat um Start ze sinn.
Prominent Gesiichter waren awer dobäi, ënnert anerem den TV-Kach Johann Lafer, deen op engem Audi vun 1991 gefuer ass. Begleet gouf hien zum Deel vum Jean Asselborn. "Mega, es war wirklich so, so schön. Es hat einfach Spaß gemacht. Wir haben ganz tolle Regionen gesehen, die man sonst nie sehen würde. Also, man kennt eigentlich nur die Hauptstadt, aber man weiß nicht, wie schön dieses Land ist. Ich hab mich sehr wohl gefühlt, auch mit meinen Beifahrern, und es war auch insgesamt ein Erlebnis für mich, und ich komme, wenn ich die Zeit habe, auf jeden Fall gerne wieder", esou de Johann Lafer.
De Bilan ass positiv, erzielt den Ed Goedert: "D'Leit, déi mat gefuer sinn, sinn all begeeschtert. Si soen alleguerten zu mir, dee Rallye war genial, et war de beschten."
Bei den Autoe waren och Marken dobäi, déi haut guer net méi produzéiert ginn: Austin-Healey zum Beispill, eng Mark, déi et zënter 1972 net méi gëtt. Aner esou Marke sinn Alvis, Intermeccanica Indra, Saab an Triumph.
Fir den CO₂-Verbrauch vum Rallye ze kompenséieren, ënnerstëtzen d'Organisateuren d'ASBL Wilderness International, déi d'Reebëscher am Peru schützt a sech do fir d'Wildnis asetzt.