Am Centre de formation pour conducteurs "Gadderscheier" war um Samschdeg den "Truck Drivers Day".

Et ass e Rendez-vous vun de Professionellen aus dem Transport-Secteur, wou si sech presentéiere konnten. Virop mam Zil, fir nei Chaufferen ze fannen.
 
Et ass ewell déi 2. Editioun Truck Drivers Day. 2023 bei der éischter Oplag hätt een et fäerdeg bruecht, fir nei Mataarbechter ze fannen. An der Tëscht ass d'Nofro an den Entreprisen net méi kleng ginn. "Mir sichen ëmmer nei Leit", seet d'Marianne Welter, Presidentin vum Groupement Transport.
 
Aktuell schaffen hei zu Lëtzebuerg alles an allem ronn 7.500 Mataarbechter am Transportsecteur. Datt sinn awer net d'Camionschaufferen eleng, ma och Magasinieren, Techniker oder administratiivt Personal.
 
D'Camionschauffere ginn am Centre de formation pour conducteurs Gadderscheier ausgebilt. Zënter 2013 ass dësen Zenter zu Suessem. Um Freideg eréischt gouf hiert neit Gebai ageweit. Virdru goufen d'Couren a provisoresche Container gehalen.

Elo huet een endlech e richtegt Gebai, mat 7 Säll fir d'Formatiounen, administrative Büroen an esouguer engem Restaurant. Déi nei Struktur war batter néideg, well sech d'Zuel vu Participanten iwwert déi lescht Jore verduebelt huet. 700 Bus a Camionschauffere maachen hei all Joer hir Basisformatioun. Dobäi kommen nach 2.000 Chauffere pro Joer, déi un der obligatorescher Formation Continue mussen deelhuelen.