Streck fir e puer Stonne gespaartAm Tunnel Micheville gëtt e Sonndeg den Eeschtfall geprouft

Samantha Weber
Fir d'Zesummenaarbecht tëscht de Secouristen an den Autoritéite bei engem uergen Tëschefäll ze testen, gëtt e Sonndeg den Tunnel Micheville fir e puer Stonne gespaart.

E Sonndeg prouwen d'Ponts et chaussées, de CGDIS, d'ITM an d'Police den Eeschtfall am Tunnel Micheville. Wéi verhale sech déi eenzel Ekippe bei engem Virfall? Klappt d'Zesummenaarbecht a bei wat muss den Hiewel nach ugesat ginn? Ënnert anerem déi Froe solle mam Exercice beäntwert ginn. Esou "Tester" sinn de Ponts et chaussées no "onëmgänglech a virgeschriwwe" fir d'Sécherheet vun de Leit.

Fir den Exercice gëtt den Tunnel Micheville e Sonndeg tëscht 7 an 13 Auer gespaart. Méi genee ass d'B40 a béid Richtungen tëscht dem Echangeur Universitéit an dem Echangeur Belval-Gare zou, grad ewéi d'Opfaarten op d'Echangeuren, jeeweils a Richtung Esch-Uelzecht.

Automobilisten, déi vun der B40 Richtung Audun-le-Tiche fueren, mussen um Echangeur Universitéit eroffueren, a Richtung Esch ass et um Echangeur Belval-Gare. Entspriechend Deviatioune wäerten opgeriicht ginn.

© Administration des ponts et chaussées

Back to Top
CIM LOGO