
Wie mam Auto, Moto oder Camper duerch Europa fiert, muss a ville Länner bezuelen, fir verschidde Stroossen ze notzen. Jee no Land gëtt streckegebonnen, als Vignette oder als spezielle Peage fir Tunnellen, Brécken a Päss bezuelt. A verschidde Stied fale souguer zousätzlech Taxe fir an den Zentrum oder Ëmweltzonen un.
An zéng Länner an Europa brauchen Automobilisten eng Vignette, fir iwwer Autobunnen oder Schnellstroossen ze fueren. Dorënner Éisträich, d'Schwäiz, Bulgarien, Moldawien, Rumänien, d'Slowakei, Tschechien, Ungarn, Moldawien a Slowenien. Wéi laang d'Vignettë valabel sinn, hänkt vum Land of.
A 16 Länner muss den däitschen Automobilsclub ADAC no Peage bezuelt ginn, dee sech op d'Streck bezitt. Deemno musse Chaufferen an Italien, Frankräich, Spuenien, Portugal, Irland, Polen, Kroatien, Griicheland, Groussbritannien, Norwegen, Bosnien-Herzegowina, Serbien, Montenegro, Nordmazedonien, Belarus an an der Tierkei pro Kilometer, déi si zréckleeën, bezuelen. Et ass awer dacks net dat ganzt Autobunns- oder Schnellstroossennetz betraff. Bezuelt gëtt och jee no Land beim Eran- oder Erausfuere vun de Peage-Statiounen.
Donieft verlaange Länner wéi Éisträich, d'Schwäiz, Italien, Frankräich, Andorra, Holland, d'Belsch, Dänemark, Schweden, Montenegro an Albanien Suen, fir iwwer bestëmmt Brécken, duerch verschidden Tunnellen oder iwwer Päss ze fueren.
A verschidde Länner ginn d'Vignetten an d'Fënster gepecht an anere Länner ginn et elektronesch Peagen, bei deenen een d'Ofrechnung herno kritt.
Déi meescht Vignettë kënnen am Viraus bei Automobilclibb wéi dem ACL oder dem ADAC kaf ginn. An Éisträich gëtt et nieft der Vignette, fir ze pechen och eng digital Vignette an en digitale Streckepeage. Eng E-Vignette gëtt et iwwerdeem och fir Tschechien, d'Slowakei, Slowenien, Ungarn, Bulgarien a Moldawien. An Italien, Frankräich, Spuenien, England an Irland ginn et souguer Strecken, fir déi ee sech am Viraus am Internet registréiere muss.
Länner wéi Frankräich oder Portugal setzen op verschidde Strecken och op elektronesch Bezuelsystemer. Hei ginn déi gefuere Kilometer iwwer en Transponder oder iwwer d'Plackennummer erfaasst. Dofir muss ee säi Gefier awer virdru registréieren.
A verschidde Länner muss een dann och nach bezuelen, fir an den Zentrum vu Stied oder Ëmweltzonen eranzefueren. Där Ëmweltzone ginn et der zum Beispill an Däitschland relativ vill: Dat ënnert anerem a Stied wéi Oochen, Berlin, Köln, München oder am Ruhrgebitt.
An den Alpe ginn et besonnesch vill Päss, Tunnellen oder Brécken, fir déi ee Peage muss bezuelen oder eng Vignette brauch. Jee no Längt vum Tunnel erreechen d'Präisser eng Spann tëscht 7 Euro fir zum Beispill den éisträichesche Bosruck-Tunnel bis zu 55,50 Euro fir de Mont-Blanc-Tunnel vun 11, 6 Kilometer tëscht Frankräich an Italien.
An Éisträich ass d'Vignette Flicht: Dës ka fir een Dag (ëm 9,60 Euro) kaf ginn, fir 10 Deeg (ëm 12,80 Euro), 2 Méint (ëm 32 Euro) oder fir ee Joer (ëm 106,80 Euro). Fir d'Schwäiz gëtt et just eng Vignette fir e ganzt Joer, déi ëm 44,50 Euro kascht. Déi bëllegst Vignetten ënnert den EU-Länner kritt een dann a Bulgarien (49,60 Euro) an a Rumänien (48 bis 63 Euro). Um Enn vun der Lëscht steet Ungarn mat ëm 160 bis 173 Euro jee nom Cours vum Forint.

An der Belsch wäert ee souguer nach méi wäit Optioune wéi an Éisträich hunn: Hei soll d'Vignette fir een Dag, 10 Deeg, 1 Mount, 2 Méint oder ee Joer kaf kënne ginn. Dobäi gëtt dann awer nach tëscht de Schuedstoffklassen ënnerscheet. Allerdéngs wäert d'Vignette fir zéng Deeg net kënnen op eenzel Deeg iwwer e puer Méint opgedeelt ginn. Chauffere vun Elektroautoe mussen am mannste bezuelen, da kënnt d'Euro-4-Norm - de Gros vun den Autoen - an d'Normen 0 bis 3 - an der Praxis Autoe vu virun 2005. Den Detail fannt Dir um Site vum Lëtzebuerger Automobilclub ACL.

A Länner mat Peagë gëtt pro Kilometer, dee gefuer gëtt, bezuelt. Frankräich gehéiert mat ëm 9 bis 14 Cent de Kilometer zu den deierste Länner an Europa, wann allerdéngs och net mat vill Ofstand. A Länner wéi Spuenien sinn et ëm 9 bis 12 Cent de Kilometer an a Polen ëm 10 bis 13 Cent. Griicheland a Kroatien si mat engem Präis vun ënner 7 Cent de Kilometer besonnesch gënschteg. An Dänemark a Schweden kann een zwar gratis iwwer d'Autobunne fueren, allerdéngs ginn et zwou grouss Brécken, fir déi Peage muss bezuelt ginn. Fir d'Storebælt-Bréck an Dänemark sinn dat ëm 35 bis 52 Euro a fir d'Oresund-Bréck, déi Schweden an Dänemark verbënnt, sinn et ëm 60 bis 120 Euro.

Op alle Fall sollt ee sech virun der Faart doriwwer informéieren, ob a wat ee brauch, fir duerch déi verschidde Länner ze fueren. A verschidde Länner kéint et soss deier ginn. A Slowenien kéint et e Pretekoll vu bis zu 800 Euro ginn, an Éisträich bis zu 200 Euro an an der Schwäiz kascht de Pretekoll ëm 217 Euro plus d'Vignetteskäschten.