Verbrenner-Aus an der EUDäitschland a Frankräich setze sech dofir an, den Datum weider no hannen ze réckelen

Joel Detaille
Virun allem d'Konkurrenz aus China mécht den europäeschen Autosconstructeuren d'Liewe schwéier.

Däitschland a Frankräich si sech wéi et schéngt eens ginn, dass de Verbrenner-Aus manner séier soll komme wéi geplangt. Ufanks war jo virgesinn, dass vun 2035 u guer keng nei Autoe mat Bensinn oder Diesel méi sollten däerfe verkaf ginn.

Dunn hat d'EU-Kommissioun d'lescht Joer am Dezember proposéiert, deen Datum mol no hannen ze verréckelen, mat Emissiounsaspuerunge vu 90 Prozent. Elo wëlle Berlin a Paräis wéi et ausgesäit, dass och dodrun nach soll gefréckelt ginn, fir Drock vun hiren jeeweilege Produzenten ze huelen.

Däitschland a Frankräich si jo déi zwou gréisst europäesch Autosnatiounen, an d'Produzenten hunn um Marché vun den Elektroautoe ferme ze struewelen, duerch eng massiv Konkurrenz aus China.

Back to Top
CIM LOGO