Vum 23. Januar bis 1. FebruarDen Datum fir den Autofestival 2027 steet fest

Andy Brücker
Et sinn d'nächst Joer zwee verkafsoppe Sonndeger fir den Autofestival.

D'FEDAMO an d'Fédération des artisans huet um Freideg den Datum matgedeelt, wéini den Autofestival 2027 wäert sinn. Et ass déi 63. Editioun a si geet vum 23. Januar bis den 1. Februar 2027.

Zwee Sonndeger falen dann och bannent déi Period, op deenen d'Garagen op kënnen hunn, den 24. an den 31. Januar.

Parallel gouf dann awer och schonn den Datum vum AutoOccasiounsFestival public gemaach, dee vum 7. bis 19. Juni 2027 organiséiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO