Op 350.000 pro JoerD'EU limitéiert Importer vu chineeseschen Hybridautoen

AFP, iwwersat vun RTL
Op dës Mesure hate sech den EU-Handelskommissär Maroš Šefčovič an de chineeseschen Handelsminister Wang Wentao d'lescht Woch zu Peking gëeenegt.
Maroš Šefčovič
Maroš Šefčovič
© ADEK BERRY/AFP

D'Europäesch Unioun wäert d'Importer vu chineeseschen Hybridautoen op 350.000 Gefierer pro Joer begrenzen. Dat géif déi aktuell Importer ëm méi wéi d'Hallschent reduzéieren, esou en EU-Beamten e Méindeg zu Bréissel.

D'EU fäert, datt bëlleg Autoen aus China europäesch Hiersteller ëmmer méi ënner Drock setzen a vum Maart verdränge kéinten. Schonn 2024 hat d'EU speziell Douanestaxen op chineesesch Elektroautoen agefouert. Zënterhier huet China awer däitlech méi Plug-in-Hybridautoen an Europa exportéiert. Schätzunge vun der EU-Kommissioun no kéint d'Zuel dëst Joer op ronn 800.000 Gefierer klammen.

Wann déi nei Limitt erreecht ass, däerf déi europäesch Douane keng weider Importer vun Hybridautoen aus China zouloossen. Am éischte Joer ass eng Limitt vun 350.000 Gefierer virgesinn. Dës soll duerno all Joer ëm sechs Prozent eropgoen. No véier Joer leeft d'Reegelung nees aus. Der EU no entsprécht dës Mesure de Reegele vun der Welthandelsorganisatioun (WTO).

China huet dem Ofkommes den Donnée vun der EU no zougestëmmt. Béid Säiten haten zwar schonn no hire Gespréicher e Freideg eng Eenegung annoncéiert, dat awer ouni Detailer ze nennen. De Maroš Šefčovič hat vun engem "wichtegen éischte Schrëtt" geschwat, fir nees méi Gläichgewiicht am Handel tëscht der EU a China ze schafen.

China hätt sech och bereet erkläert, d'Douanestaxen op verschiddenen EU-Produiten ze reduzéieren. D'Autorisatioune fir den Export vu seelen Äerden a Permanentsmagnéiten an d'EU solle weiderhi vereinfacht ginn. Konzessiounen u Peking am Kader vum Ofkommes, wollt Bréissel an enger éischter Phas net kommentéieren.

D'EU importéiert däitlech méi Wueren aus China wéi ëmgedréint. Gläichzäiteg si vill europäesch Entreprisë staark op chineesesch Rostoffer, Hallefleeder a Materialie fir erneierbar Energien ugewisen. Enn der Woch berode sech och d'EU-Staats- a Regierungscheffen iwwert déi ugespaanten Handelsbezéiunge mat China.

AFP News

Back to Top
CIM LOGO