
D'Ponts et Chaussées erneiert vun e Freidegowend 20 Auer bis e Méindeg, de 26. Oktober, géint 4 Auer, de Belag op der Jonctioun Lankelz vun der A4.
Dofir gi verschidden Op- an Offaarten a Stroossen an deem Beräich gespaart. Ëmleedunge ginn ausgeschëldert.
Automobilisten, déi vun der A13 a Richtung Lëtzebuerg kommen, ginn iwwer d'A4 a Richtung Frankräich an den Echangeur Raemerich ëmgeleet.
Wie vun Esch-Uelzecht kënnt an op d'A4 wëll, muss iwwer d'N4C, de CR170 an de CR170A a Richtung Echangeur Lalleng oder iwwer d'N4C, d'N31 an de CR191 a Richtung Echangeur Raemerich fueren.
Schonn e Freideg am spéiden Nomëtteg kann et wéinst de Virbereedungsaarbechten zu Verkéiersstéierunge kommen.