CGDISEng Persoun gëtt bei Accident zu Dikrech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Zwee Gefierer krute sech hei ze paken.
© Steve Müller

En Dënschdeg de Moien um kuerz no 6 Auer koum et an der Rue Edmond-Jean Klein zu Dikrech zu engem Accident tëscht zwee Autoen. Eng Persoun gouf beim Zesummestouss blesséiert. Op der Plaz waren d'Ekippe aus der Nordstad.

Um kuerz no 10 Auer koum et dann nach zu engem Accident op der RN06 tëscht Capellen a Mamer. Och hei krute sech zwee Gefierer ze paken. Hei waren d'Rettungsekippe vu Mamer am Asaz, blesséiert gouf hei awer keen.

Back to Top
CIM LOGO