
Däitschland a Frankräich hu sech op en Accord, fir déi europäesch Automobilindustrie z'erhalen, verstännegt. D'Ofkommes gesäit eng ofgeschwächt Ëmweltagenda vir, also datt d'Virgabe fir d'Emissioune vun Autoe manner streng ginn, dofir soll awer de Grondsaz "Made in Europe" gestäerkt ginn. Dat mellen diplomatesch Keeser, déi um Rand vum EU-Sommet en Donneschdeg dobäi waren.
Frankräich akzeptéiert dobäi weider Zougeständnesser bei den CO2-Virgabe fir d'Autoe vun 2035 un. Däitschland dogéint stëmmt engem méi strengen Ausleeë vum europäesche Präferenzprinzip an der Industrie zou. Esou sollen nieft de 27 EU-Memberstaate just enk verbonne Partnerlänner, wéi Groussbritannien oder Norwegen, de Label "Made in Europe" kënnen notzen. Domadder wëll een d'Kompetitivitéit vun der Industrie innerhalb vun der EU stäerken.