D’Tendenz an de Garagë géif weisen, dat d’Leit sech vill méi fir d’Elektromobilitéit interesséieren, sou de Gerry Wagner, Spriecher vum House of Automobile am RTL-Interview.
‘’Dat mierkt een och elo schonn an Nofroen an de Garagen, dass d'Leit sech vill méi interesséieren, wat elo d'Elektromobilitéit wierklech ass a wat dat kascht. Elo gesäit een et nach net an de Chifferen, dat dauert nach e bëssen, mee awer d'Leit stelle sech scho vill méi Froen.‘’
Well statistesch gesinn, d’Umeldunge gekuckt, gëtt et oft en Delai vun e puer Méint tëscht dem Kaf an der Liwwerung vum Gefier.
Wat déi verschidde Motorisatiounen ubelaangt, sou ass den Trend iwwer déi lescht zwee Joer kloer: Diesel-Gefierer verléieren iwwer 7 Prozent u Maartundeel. Iwwerdeems Plug-in-Hybrid an Elektroautoen ëm 3,6 Prozent zouleeën.
‘’Mir sinn elo dat lescht Trimester op 36 Prozent vun den neien Immatrikulatiounen. Mir sinn op 10 Prozent vum Park, wat reng elektresch ass. Also et geet schonn an déi richteg Richtung, et geet ëmmer méi an d'Luucht. An ech mengen, dass déi ganz Präisser vun der Energie och dozou bäidroen, dass et an nächster Zäit nach méi schnell geet.‘’
‘’6 Prozent vun den Occasiounen, déi ugemellt si ginn, waren Elektroautoen, wat schonn net schlecht ass. Virdru waren et der 4 Prozent. Also dat geet lues a lues an d'Luucht. An dat huet natierlech och en aneren Impakt. Doduerch, dass d'Occasiounen ufänken, méi gefrot ze ginn, geet d'Valeur vum Auto, och vum neien Auto, méi an d'Luucht. Well ee weess, ech kann herno erëm verkafen an ech kréien en anstännege Präis dofir. ‘’
Wat d’Modeller an d'Präisser ubelaangt: Fir 178 Euro de Mount kann een en Elektroauto leasen. Mat Wanterpneuen an 2.500 Euro ubezuelt.
"A leschter Zäit war et e bëssen esou en Eenheetsbräi. Och fir mech gëtt et ëmmer méi schwiereg, wann ech en Auto laanscht fuere gesinn, fir ze wëssen, wat ass dat fir een, well se sech alleguerte gläichen, well nei Modeller do sinn, déi sech wierklech vill gläichen. An dat ass da méi schwiereg fir eng Mark, fir dann eraus ze stiechen. Et sinn awer natierlech Marken, also, Dir hutt elo gesinn um Paräisser Salon, zumools déi franséisch Marken, déi fänken elo wierklech un, sexy Modeller ze maachen.‘’
Sief et Elektroauto oder Plug-in-Hybrid, d’europäesch Constructeure kréien awer och ëmmer méi d'Konkurrenz vun de chineesesche Marken ze spieren. Déi an Tëschenzäit 36 Prozent vum Maart ausmaachen. Hei wier de Präis eent vun den Haaptargumenter.