Jointe vun der Bréck weider futti gaangenMat 50 amplaz 70 km/h iwwer de Mënsbecher Viaduc

RTL Lëtzebuerg
Schonn zanter Woche gëtt op der Autobunnsbréck iwwer der Sir bei Mënsbech geschafft, an de Problem ass nach net geléist.
© Domingos Oliveira / RTL

Well d’Jointe vun der Bréck nach weider futti gaange sinn, gëtt lo d’Vitess op där Plaz nach weider erofgesat.

Bis ewell war d’Limitatioun schonn op 70 erofgesat, vun e Freideg un dierfen d’Chaufferen nëmmen nach mat 50 Stonnekilometer iwwer de Mënsbecher Viaduc fueren. Dëst deelen d’Ponts et Chaussées mat.

Weider Stauen op deem Stéck vun der Tréierer Autobunn sinn deemno virprogramméiert, op mannst bis d’Jointe provisoresch gefléckt goufen.

Schreiwes

Viaduc de Munsbach (OA1135) de l’autoroute A1: vitesse maximale autorisée limitée à 50 km/h dans les deux directions à partir du vendredi 7 juin 2024
Communiqué par : Administration des ponts et chaussées

En raison d’une forte dégradation des joints de chaussée du viaduc de la Haute-Syre (OA1135), la vitesse de circulation au droit du pont (actuellement limitée à 70 km/h) sera réduite à 50 km/h dans les deux directions, ceci à partir du vendredi 7 juin 2024 (au courant de la journée). Cette mesure sera maintenue jusqu’au remplacement provisoire des éléments.

Back to Top
CIM LOGO