Automag: Premièren, Retro-Charme a China-PowerMondial de l’Auto 2026 zu Paräis

Christian Schmit
De Mondial de l’Auto 2026 ass déi Bün, op där vill nei Modeller defiléieren, an hir Welt-, oder zumindest Europa-Première feieren.

An dësem Automag luusse mir op de "Mondial de l’Auto 2026" zu Paräis. Vill Nouveautéiten hunn do hir Première gefeiert a wollten am Scheinwerferliicht beim Visiteur, an eventuell spéidere Client, beandrocken. De Christian Schmit war fir RTL mat dobäi.

De Mondial de l’Auto 2026 ass effektiv am Moment déi Bün, op där vill nei Modeller defiléieren, an hir Welt-, oder zumindest Europa-Première feieren.

Wat opgefall ass, dat ware ganz vill sougenannte Concept Cars. Dat si Modeller déi 1:1 esou net wäerten an de Showroom kommen, mee déi awer weisen zu wat eng Mark am Stand ass. Hir Createuren, also Designer hunn do méi fräi Hand, fir beim Public Androck ze hannerloossen.

© Christian Schmit

Wéi eng sinn do ervir gestach?

Grad e vun de klengste Modeller kritt am Moment dee gréissten Applaus, 2CV vu Citroën.

© Christian Schmit

Awer och e Fiat Multi Play, eng Mëschung aus Van a Pick-Up wosst ze gefalen. En Hommage un de Multipla.

Oder bei Alfa Romeo de Cuorerosso, Opel mam STX Concept Sportstourer, DS Automobiles Fever, a bei Peugeot mellt sech de Coupé RCZ nees zeréck.

© Christian Schmit

Genee wéi bei Renault wou besonnesch den E-Space opgefall ass, an un de legendäre Espace vun 1984 erënnert, oder Alpine, déi den 310 nees wëllen opliewe loossen.

© Christian Schmit

Komme mir dann awer op déi Modeller ze schwätzen, déi mir gläich am Alldag gesinn?

Fänke mir kleng un, mam smart #2, back to the roots deemno mat engem 2m75 Zwee-Sëtzer, elo awer reng elektresch.

Dacia mécht mam neie Spring op sech opmierksam, elo méi erwuessen, awer weiderhin attraktiv am Präis. D'Rumänen hunn och nach de grousse Modell Striker mat un d’Seine bruecht.

© Christian Schmit

Bei Lancia wëll e mam Gamma punkten, Hyundai huet de komplett neie Bayon an Tucson devoiléiert.

Audi huet d’Renaissamce vum A2 dobäi, a KIA weist de Seltos. VW da mam neien ID.4 Tiguan, wou den Automag schonn op der Avant première dobäi war.

© Christian Schmit

Di amerikanesch Luxus Mark LUCID war do an etabléiert sech och elo am Hexagone, an aus Spuenien ass de LIUX BIG opgefall, well deem Stadauto seng Karosserie aus nohaltege Fluessfaseren a Resine besteet.

© Christian Schmit

An d'Chineese sinn omnipresent um Mondial de l’Auto?

Jo definitiv, mat iwwer 20 Marken um Mondial de l’Auto, spillt "Made in China" ëmmer méi eng grouss Roll, och an Europa.

Nei dobäi d’Mark LI Auto, mee och bei Äito, BYD, X-Peng, Omoda / Jaecco, Geely, GAC, a Zeekr goufen nei Modeller virgestallt. Hir rasant Entwécklung gëtt villen Experten ze denken. Mol ofwaarde wat passéiert geet elo net méi duer, et muss gehandelt, a vläicht manner reglementéiert ginn. Elo!

Mondial de l’Auto zu Paräis, dat ass am Resumé: vill Premièren, Retro-Charme a China-Power.

© Christian Schmit

Back to Top
CIM LOGO