Iwwert de WeekendN5 tëscht Käerjeng a Schuller a béid Richtunge gespaart, gréisseren Ëmwee z'erwaarden

RTL Lëtzebuerg
Vun e Freideg géint 9 Auer bis e Sonndeg géint 22 Auer ass d'N5 op der Héicht vun der Industriezon Bommelscheier komplett fir den Trafic gespaart
© Ponts et Chaussées

D'Aarbechte ginn op dëser Plaz, wou scho méi laang Chantier war, weider. Dofir gëtt d'N5 tëscht Käerjeng a Schuller op der Héicht vun der Industriezon Bommelscheier a béid Richtunge gespaart, dat vum 4. September um 9 Auer bis den 6. September géint 22 Auer.

Ponts et Chaussées präziséiert dann och, datt d'Rue Bommel, iwwer déi een an d'Industriezon kënnt, scho méi fréi wäert zougemaach ginn. D'Deviatioun leeft vun Nidderkäerjeng aus iwwer den CR110 an CR111, also op Uewerkäerjeng, dann iwwer den CR101 op Héiweng a vun do aus iwwer den CR106 an d'N13 an de Rondpoint op Dippech respektiv, wann ee vun Dippech aus kënnt, den ëmgedréinte Wee.

D'Schreiwes vu Ponts et Chausseés

Back to Top
CIM LOGO