
Zu Lëtzebuerg gëtt et kee fixen Datum, ab deem een obligatoresch Wanterpneuen um Auto muss hunn. D’Reegel hänkt vun de Wiederkonditiounen of. Wann et Glëtz, Schnéi, Schnéireen, Äis oder Frascht op der Strooss huet, sinn d’Wanterpneuen obligatoresch – an zwar op alle Rieder. Mä wéini ass dann de richtege Moment fir ze wiesselen, Frank Maas aus dem ACL?
Obschonn d'Meteo de Moment Ufank Oktober nach gutt ass, komme mer geschwënn an den Hierscht an da gëtt et esou lues Zäit, fir un d'Wanterpneuen ze denken. A fir de Pneuewiessel e bëssen ze antizipéieren, esou dass een net herno um leschte Moment, wann d'Wieder ëmschléit, iwwerrascht gëtt, rode mir vum ACL aus, elo schonn e Rendez -vous an der Garage auszemaachen, vu et jo och kënnen Delaie ginn. An dann ass een och sécher, fir bis Enn Oktober gutt ekipéiert ze sinn.
Eng gutt Fauschtreegel ass och d'Temperatur: Wann et reegelméisseg ënner siwe Grad huet, bidden d’Wanterpneuen normalerweis déi besser Eegenschaften. Beim Wiessel geet et awer net nëmmen drëm, déi richteg Pneuen erauszesichen. Och déi Pneuen, déi een nach an der Garage stoen huet, solle kontrolléiert ginn.
Bei Wanterpneue soll de Profil net ënner véier Millimeter leien, net nëmme fir nach optimal um Schnéi ze fonctionéieren, mee och fir d'Waasser op der Strooss beschtens kënnen ze verdrängen. Dozou kënnt, dass d'Eegenschafte vun engem Pneu no fënnef Joer esou lues ofhuelen, also spillt den Alter och eng Roll. A beim Montéiere soll een dann nach op d'Dréirichtung vum Wanterpneu uecht ginn, dëst ass meeschtens mat engem Feil gezeechent an de Gummi mat dem meeschte Profil op déi hënnescht Achs montéiert. Dann de richtegen Drock nach upassen an da wieren d'Pneue fir de Wanter prett.
Nieft de Pneuen ass am Hierscht awer och d’Beliichtung um Auto besonnesch wichteg. Et gëtt méi fréi däischter, an Niwwel, Reen oder Schnéi kënnen d’Visibilitéit zousätzlech verschlechteren. Genee do setzt och déi aktuell Campagne vum ACL un. Vum haut un bis den 12. November kontrolléiert den ACL zesumme mat der Sécurité Routière gratis d’Pneuen an d’Luuchten – an dat ouni Rendez-vous.
Mir sinn duerch d'ganzt Land op 19 verschidde Plaze present an dat ass déi ideal Geleeënheet, fir d'Pneue kontrolléieren ze loossen, hei gëtt de Profil, den Alter an den Zoustand vun de Pneue gecheckt. An déi verschidde Plazen, Deeg an Auerzäite fënnt een op acl.lu ënner "Campagne de prévention, Pneu et Eclairage".