Wëld op der StroossWat soll een am Fall vun engem Accident maachen?

Nicky Soisson
Am Hierscht klëmmt de Risiko vu Kollisioune mat Wëld op de Lëtzebuerger Stroossen. Besonnesch laanscht Bëscher, op Landstroossen, awer och op Autobunne kënnen Déieren op eemol virum Auto opdauchen.

Deen éischte Reflex soll sinn, d'Vitess ze reduzéieren an ze bremsen. Dobäi ass et wichteg, och op de Verkéier hannert sech opzepassen. D'Luuchte vum Gefier däerfen dobäi op kee Fall ausgeschalt ginn, well dat géif de Risiko fir aner Automobilisten erhéijen.

Läit no engem Zesummestouss en Déier op der Strooss, soll een net aus dem Auto klammen a bei d'Déier goen. Dat kéint ënner Schock stoen an onberechenbar reagéieren. An esou engem Fall soll een den 113 uruffen, fir datt d'Police oder de Fierschter informéiert ginn.

No engem Accident gëllt et als éischt, déi 4 Winkeren unzemaachen an d'Warnwest unzedoen, éier een den Auto verléisst. Duerno soll ee sech a Sécherheet bréngen. Bei engem Accident mat Blesséierte soll den 112 ugeruff ginn. Wann nëmmen d'Gefier beschiedegt ass, kann een den ACL iwwer d'Nummer 26000 kontaktéieren.

Den ACL organiséiert reegelméisseg Workshops, fir Automobilisten op d'Gefore vu Wëldaccidenter opmierksam ze maachen. Weider Informatiounen dozou ginn et op ACL.lu.

Am Hierscht klëmmt de Risiko vu Kollisioune mat Wëld op de Stroossen.

Back to Top
CIM LOGO