Ëmmer manner Dieselen a BensinnerZu Lëtzebuerg gi majoritär Elektro-Autoen nei ugemellt

RTL Lëtzebuerg
Grad emol 195 Neiween fueren iwwerdeems nach mat Diesel.
© AFP

Am Laf vum September si nees méi Autoen an der EU nei ugemellt ginn, wéi am selwechte Mount zejoert. Et ass ëmmerhin e Plus vun liicht iwwer 9%. 971.000 Ween goufe nei registréiert, dovunner 290.000 reng Elektro-Autoen. Déi Zuelen liwwert de Branche-Verband ACEA en Donneschdeg.

D'Hybrid-Modeller leie weiderhin vir, Bensinner an Dieselen si manner gefrot. Eng Tendenz fir Lëtzebuerg awer net stëmmt. 3.537 nei Autoen goufen dëse September hei ugemellt. Dat waren der awer liicht manner wéi nach virun engem Joer. 1.331 dovu fueren reng elektresch a maachen domat de gréisste Pourcentage aus, souguer liicht méi wéi sämtlech Hybrid-Varianten zesummegeholl.

Grad emol 195 Neiween fueren iwwerdeems nach mat Diesel. 705 si Bensinner.

Detailer a weider Infoen ginn et am Presse-Communiqué vun Verband ACEA!

Back to Top
CIM LOGO