Auto a Schlucht gefallMupp leeft iwwer 6 Kilometer fir Hëllef ze ruffen

RTL Lëtzebuerg
An den USA hat e Mann Gléck, datt ee vu senge véier Hënn genee wosst, wat ze maache wier, nodeems si mam Auto eng Schlucht erofgefall waren.

Am US-Bundesstaat Oregon hat e Mann d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer an ass en Hang erofgerutscht an an enger Baach gelant. Ee vu senge véier Muppen hat direkt de richtegen Instinkt an huet sech op de Wee gemaach an e Camp, an deem de Mann zu där Zäit mat Familljemembere gelieft huet.

Nodeems den Hond iwwer 6,5 Kilometer bis bei d’Lager zréckgeluecht hat, hu sech d’Familljememberen direkt op d’Sich nom accidentéierte Mann gemaach. Eréischt de Moien drop hu si den Auto fonnt an direkt d’Police informéiert, well den Auto an der Baach net einfach z’erreeche war.

Wéi d’Rettungsekippe sech e Wee a Richtung Auto fräi gemaach hunn, hu si héieren, wéi de Mann no Hëllef geruff huet. Dësen hat an Tëschenzäit eng Stopp eng 100 Meter vum Won ewech fonnt. Mat engem sougenannten “Héichseelsystem” hätt de Mann schlussendlech aus der Schlucht kënne befreit ginn, heescht et am Facebook-Post vun der Police vu Baker County.

Mat engem Helikopter wier de Mann dunn an e Spidol geflu ginn. Wéi schwéier blesséiert de Mann war, huet d’Police net matgedeelt. Hien ass awer net méi aus eegener Kraaft aus der Schlucht komm. Déi dräi aner Hënn waren och nach op der Plaz a lieweg.

Back to Top
CIM LOGO