
Am Kader vum EU-Mine Detection Dog Project gi Malinois-Hënn den Ament trainéiert a sollen no an no an der Ukrain an den Asaz kommen soubal hir Ausbildung ofgeschloss ass. Hënn wéi d’Maja. Seng Ausbildung wäert spéitstens uganks dëse Summer fäerdeg sinn
D’Hënn kréien an engem Zäitraum vu 6 Méint d’Grondprinzippie am Ëmgang mat Sprengstoff zu EU-Standarde bäibruecht, dorënner wéi een uschléit a wéi eng verschidden Zorte Sprengstoff et ginn. Ausgebilt ginn d’Hënn vun engem fréiere Member vun der Hondsstaffel vun der Lëtzebuerger Police. Si kréien dobäi och déi néideg Infrastrukture souwéi Moyenen zur Verfügung gestallt.
No der Ausbildung léieren d’Hënn dann hiren neie Meeschter, en Hondsféierer vun der ukrainescher Arméi, kennen.
Zil vun dësem EU-Trainingsprogramm, un deem nieft Lëtzebuerg och Malta, Éisträich, Finnland an d’Belsch bedeelegt sinn, ass et, speziell ausgebilten Hënn fir de spéideren Asaz am ukrainesche Krichsgebitt ze preparéieren.
D’Hënn sollen hëllefen, op Felder, a Gefierer, a Ruinen a Stied souwéi a ländleche Géigende Sprengstoff opzespieren, déi da kënnen onschiedlech gemaach ginn.
Bis 2050 sollen esou 50 nei Sprengstoffhënn fir den Neesopbau vun der Ukrain agesat ginn.