RekordverdächtegMupp Petzi huet 20. Gebuertsdag gefeiert

RTL Lëtzebuerg
Zanter 2 Joerzéngte mécht d'Petzi senger Famill schonn Dag fir Dag vill Freed.
D'Petzi huet 20. Gebuertsdag gefeiert
Zanter 2 Joerzéngte mécht d’Petzi senger Famill schonn Dag fir Dag vill Freed.

Als klenge Mischlingswelpen haten d’Henriette an de Jacques Loskill d’Mudder adoptéiert, mä datt et sou al géif ginn ass schonn aussergewéinlech, och fir e klengen Hond. Ma et louch wuel an de Genen: De Papp, e Schnauzer-Mix krut der ëmmerhin 17.

“Ech géif soen, datt et nach 1 Joer packt, eventuell, sou laang wéi et ësst an drénkt an déi aner 2 Muppen nach rügt (...) a virun allem matkritt soubal de Frigo op geet, weess ech datt nach alles an der Rei ass”.

Mat sengen ale Schanke geet haut wuel alles e bëssi méi lues a méi wackeleg, mä nawell gëtt hat den Enkelinnen hir zwou franséisch Bulldoggen nach Meeschter an ass de Chef am Haus. Dem Petzi säin Impfpass an Chip beweisen deen héijen Alter, dee wéinege Muppen an hire Meeschtere vergënnt ass. Bis op eng Kräizbänner-Operatioun hat d’Petzi weider ni vill Boboen, dëser Deeg gouf elo nach e klenge Schwier beim An ewechgeholl, ma soss ass et sengem Alter entspriechend fit. A Mënschejoren ëmgerechent, wier et lo schonn iwwer 100.

Wéi et senger Famill gelongen ass, datt d’Petzi esou al konnt ginn, a villäicht nach e gutt Stéck méi al gëtt, dat verrode Si am Video-Reportage.

Back to Top
CIM LOGO