
Een Hond war op sengem Spadséiergang e bëssen ze begeeschtert vu sengem Ëmfeld an huet sech vun der Lénkt gerappt. Hien ass an ee Mouer gesprongen, mee huet séier gemierkt, datt en net méi eleng zeréck un d’Ufer bei säi Besëtzer kennt. Den naasse Mupp huet sech dunn op eng kleng Insel eng 5 Meter weider fort gerett, an do op Hëllef gewaart.
Déi koum dunn och relativ féx, dat a Form vun engem Member vum Sauvetage aquatique vum CGDIS. De Mupp iwwert der Schëller, huet hien de Véierbeener nees zeréck op de feste Buedem bruecht. Och ee Pompjeeswon vu Mamer war am Asaz, wéi de CGDIS an engem Facebook-Post schreift.