
Um “Groundhog Day”, deen un d’Komedie “Und täglich grüsst das Murmeltier” erënnert, gouf d’Déier wéi all Joer um fréien Donneschdeg de Moien um Gobbler’s Knob an der Géigend vun der Uertschaft Punxsutawney am US-Bundesstaat Pennsylvania, virun dausende Spectateuren aus sengem Bau geholl.
D’Déier huet säin eegene Schiet gesinn, wat den Organisateuren no, déi all a schwaarz Mäntel mat Zylinderhitt gekleet waren, bedeit, dass et nach fir weider sechs Woche Wanter bleift. Gesäit d’Murmeldéier säi Schiet net, steet der Traditioun no d’Fréijoer virun der Dier.
Kann dat sinn?
De berüümte Punxsutawney Phil ass leider net bekannt dofir, e grousst Talent bei senge meteorologesche Prognosen ze sinn. Wéi d’US-Klimaagence NOAA mellt, louch hien an de leschte Jore just a 40 Prozent vun de Fäll richteg.
De “Groundhog Day” ass all Joer den 2. Februar an den USA an huet do eng laang Traditioun. De Punxsutawney-Murmeldéierclub besteet schonn zanter 1887. De Brauch geet op däitsch Migranten zeréck, déi aus dem Verhale vum Murmeldéier d’Konklusioun gezunn hunn, wéini et Zäit wier, unzeséinen.
Weltwäit berüümt gouf deen Dag dunn nach duerch de Film “Und täglich grüsst das Murmeltier” aus dem Joer 1993 mam Bill Murray an Andie MacDowell. De Murray huet do e Wiedermoderator gespillt, deen an enger Zäitschläif gefaangen ass an all Dag ëmmer nees um “Groundhog Day"wakereg gëtt.