
Mat engem 15 Sekonne laange Video vum Taters, der Kaz vun engem Mataarbechter, huet d’US-Weltraumagence hiren héichmoderne Kommunikatiounssystem getest. Wéi d’Nasa selwer matdeelt, goufen d’Opnamen e Méindeg per Laser vun enger Weltraumsonde op d’Äerd geschéckt, déi aktuell 31 Millioune Kilometer vun eisem Planéit ewech ass.
Um Video jot déi orange gesträift Kaz, déi engem Mataarbechter vun der Nasa gehéiert, passenderweis engem Laserpunkt hannendrun. D’Opname ware virum Start op d’Sonde Psyche eropgeluede ginn. D’Sonde, déi den 13. Oktober mat der Falcon Heavy Rakéit vu SpaceX vum Kennedy Space Center a Florida gestart ass, ass bei en Asteroid ënnerwee, dee ronn 3,6 Milliarde Kilometer wäit ewech ass.
Am Moment ass d’Weltraumsonde eng 31 Millioune Kilometer ewech. D’Iwwerdroung vum Video mat héijer Opléisung huet huet der Nasa no nëmmen 101 Sekonne gedauert.
“Trotz der Distanz vu Millioune vu Kilometer konnt de Video méi séier iwwerdroe ginn wéi déi meescht séier Internetverbindungen”, huet de Ryan Rogalin, Chef vum Elektronikdepartement vum “Jet Propulsion Laboratory” vun der Nasa, erkläert.
Mam Versuch wollt d’Nasa d’Iwwerdroung vun héijen Donnéeë per Laser iwwer grouss Distanzen testen, wat fir komplex Missioune wéi déi geplangt Mars-Missioune wichteg ass.