Serie Déierenasyl (Deel 2)Nei Strukturen a Saachen Déierenasyler - Keng laangfristeg Léisung

RTL Lëtzebuerg
Vill Déierenasyler struewele besonnesch iwwer d'Summerméint, fir d'Mass un Déieren, déi bei hinne landen, ënner Daach ze kréien.
Serie Déierenasyl (2): Nei Strukturen a Saachen Déierenasyler
Vill Déierenasyler struewele besonnesch iwwer d’Summerméint, fir d’Mass un Déieren, déi bei hinne landen, ënner Daach ze kréien.

Fir dem Problem zu Lëtzebuerg entgéintzewierken, soll ënner anerem d’Diddelenger Déierenasyl vergréissert ginn. Knapp 150 Déiere kënnen hei an Zukunft versuergt ginn. Ma eleng d’Vergréissere vun dësen Infrastrukture léist de Problem net.

Déierenasyler zu Lëtzebuerg sinn iwwerfëllt. Momentan konzentréiere sech déi am Zentrum an am Süde vum Land. Eng nei Struktur am Norde wier awer keng Léisung, fir Déierenasyler laangfristeg ze entlaaschten – heescht et vun der Administratioun vun de Veterinären.

Wa mir nach dat eent oder anert dobäimaachen, wäert et och net laang daueren, bis dat voll ass. Wéi gesot, et ass eng Hëllef, mee wéi gesot, et muss ee warscheinlech och op aner Mesuren zréckgräifen, fir där Saach Här a Meeschter ze ginn.”, esou de Félix Wildschutz, den Direkter vun der ALVA (Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire).

Trotzdeem ass de Landwirtschaftsministère schonn un d’Gemengen erugetrueden. Eng Rei hunn Interessi gewisen. Fir en neit Déierenasyl ze schafen, brauch et awer méi wéi just eng Plaz.

Een Asyl gëtt net opgemaach vum Staat, net vum Ministère, mee vun enger Associatioun. An et heescht, et bräicht een dann eben eng Associatioun, déi dat dann ebe stemme kéint, och finanziell. An dann och eng Gemeng, déi dat ënnerstëtzt.”, seet de Paul Weber, de President vum Diddelenger Déiereschutzveräin.

Bis zu 30 Prozent vun esou engem Projet gi vum Ministère rembourséiert. Ee konkrete Plang fir eng nei Antenn am Norden existéiert awer net. Eng Struktur, déi méi komplizéiert Fäll resozialiséiert, misst eng nei Prioritéit ginn.

Do wier et och flott, wann een eng Struktur hätt, wou professionell mat Traineren an esou weider, sech kann intensiv mat deenen Déiere beschäftegt ginn. An esou sech och hir Chancen erhéijen, fir nei Famillen ze fannen.”, betount de Sacha André, de President vum Schëfflenger Déiereschutzveräin.

Wat dës Déiere besser encadréiert ginn, wat an den Déierenasyler méi Plaze fir aner Hënn fräiginn. De responsabele Ministère awer distanzéiert sech vun esou engem Projet.

Et bleiwen eng Rei Chantieren. Nei Strukturen entlaaschten zwar, esou eng Rei Spezialisten – ma riskéieren, d’Leit ze encouragéieren, hir Responsabilitéit méi einfach ofzeginn.

Back to Top
CIM LOGO