Bauer refuséiert Schof eranzehuelenNeigebuere Lämmercher bei äisegen Temperaturen op Weed gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Well en Thüringer Bauer refuséiert huet, seng Häerd wärend der Lämmerzäit an de Stall ze huelen, sinn eng Rei neigebuere Lämmercher op der Weed gestuerwen.
© Peter Muhly / AFP

Virun allem am Wanter hu Schéifer dacks vill ze dinn. An de Méint Januar a Februar kënne ronn 15 bis 18 Lämmercher den Dag gebuer ginn. Ma och wann déi kleng Schof meeschtens relativ séier op de Bee sinn, brauche si grad am Wanter Schutz virun dem äisege Wieder.

E Bauer aus Thüringen gesäit dat awer net esou an huet seng Häerd trotz Opfuerderung vum Veterinäramt net erageholl. Well de Schéifer dat absolutt net agesi wollt a sech géint d’Zesummenaarbecht mat de Veterinäre gewiert huet, gouf d’Police fir d’Wuel vun den Déieren ageschalt.

Déi ronn 200 Schof a Lämmercher goufe mat engem Déierentransport vun der Wiss an e Stall bruecht. Wéi et heescht, ass wärend der Rettungsaktioun e weidert Lämmchen op d’Welt komm. Géint de Bauer gëtt ermëttelt.

Back to Top
CIM LOGO