Appellprozess géint Marco Mille, André Kemmer a Frank Schneider am Oktober

De 26. Oktober soll op der Cour d'Appel an der Stad de Prozess an zweeter Instanz ufänken géint 3 fréier Geheimdéngscht-Mataarbechter.
Dat heescht, de Marco Mille, André Kemmer a Frank Schneider. Déi dräi Ugekloten waren am Juni zejoert am sougenannte Srel-Pozess fräigesprach ginn.
Et konnt net zweiwelsfräi etabléiert ginn, datt d'Ecoutten op de Geschäftsmann Loris Mariotto illegal waren.
Och de fréiere Premier Jean-Claude Juncker, dee schlussendlech jo wéinst der ganzer Srel-Affaire zu Neiwalen forcéiert gouf, hat am Kader vum Prozess ausgesot.
Den deemolege Staatsminister hat virun de Riichter erkläert, sech net kënnen un de Contenu vun de Gespréich mam fréiere Geheimdéngschtchef iwwert dës Ecoutten erënneren ze kënnen.