Wéi d’Luxembourg Times gemellt huet, huet en Appellsgeriicht zu Nanzeg dat esou decidéiert, an domadder seng Demande fir fräi ze komme refuséiert.

Ob hien elo un d’USA wäert ausgeliwwert ginn, doriwwer soll am November tranchéiert ginn.

Op Demande vun der US-Justiz war de Lëtzebuerger am Abrëll hei vir a Frankräich festgeholl ginn, well hien Deel soll sinn vun engem Grupp, dee Bedruch bedriwwen huet mat Kryptowärungen a Milliounenhéicht.

Hei am Land waart nach den Appell-Prozess vum SREL-Prozess op de Schneider, grad wéi op de fréieren Direkter vum Geheimdéngscht Marco Mille an den Ex-Geheimagent André Kemmer. Dee sollt elo Enn Oktober sinn, ma dee Datum gëtt elo verréckelt. Ob wéini, ass nach net kloer.

An éischter Instanz waren déi Dräi fräigesprach ginn.