
Ob hien elo un d’USA wäert ausgeliwwert ginn, doriwwer soll am November tranchéiert ginn.
Op Demande vun der US-Justiz war de Lëtzebuerger am Abrëll hei vir a Frankräich festgeholl ginn, well hien Deel soll sinn vun engem Grupp, dee Bedruch bedriwwen huet mat Kryptowärungen a Milliounenhéicht.
Hei am Land waart nach den Appell-Prozess vum SREL-Prozess op de Schneider, grad wéi op de fréieren Direkter vum Geheimdéngscht Marco Mille an den Ex-Geheimagent André Kemmer. Dee sollt elo Enn Oktober sinn, ma dee Datum gëtt elo verréckelt. Ob wéini, ass nach net kloer.
An éischter Instanz waren déi Dräi fräigesprach ginn.