Zu Jonglënster gëtt et an Zukunft eng DP-CSV-Koalitioun. De Ben Ries gëtt Buergermeeschter.

D’DP hat jo bei de Walen ee Sëtz bäigewonnen, d’CSV hat ee Sëtz verluer. De Buergermeeschter wiesselt also vun der CSV bei déi Liberal.

De Ben Ries (DP) war scho Schäffen an der gréisster Gemeng am Osten an iwwerhëlt déi nächst 6 Joer d’Spëtzt vun der Gemeng. De Raphaël Schmitz (CSV) gëtt 1. Schäffen. Hie war bis ewell 2. Schäffen. De Gilles Baum (DP), dee jo och Deputéierten a liberale Fraktiounschef an der Chamber ass, iwwerhëlt de Poste vum 2. Schäffen.