
Virdru war hei no engem Héichwaasserschued Bauschutt ewechgeheit ginn. Doriwwer eraus hätt d’Awunnerin vum betraffenen Haus eng al metallen Dous mat Calciumphosphit an d’Poubelle geheit, déi fréier als Mëttel géing Mais agesat goufen.
Duerch d’Fiichtegkeet vum Bauschutt koum et der Police no dunn zu enger cheemescher Reaktioun, wouropshin de Container ugefaangen huet, ze dämpen. Well souwuel d’Awunnerin wéi och d’Pompjeeë vun engem Feier am Container ausgoungen, gouf probéiert, mat Waasser ze läschen. Doduerch hu sech déi cheemesch Reaktioun an den Damp awer verstäerkt.
D’Fra an 12 Pompjeeë kruten doduerch esou uerg Otemwee-Reizungen, datt si stationär hu missen am Spidol opgeholl ginn. Eng speziell Unitéit vun de Pompjeeë konnt d’Gas schlussendlech bannen an onschiedlech maachen. D’Pompjeeën aus de Gemengen an der Géigend waren am Ganze mat 20 Ween an 83 Mann op der Plaz, d’Ambulanciere mat 6 Ween a 16 Mann.