
Bei der Kollisioun vun engem Touristebus mat engem Camion sinn an Ägypten en Dënschdeg op d'mannst 13 Mënsche gestuerwen. Donieft wiere 34 Leit verwonnt ginn, huet déi staatlech Zeitung "Al-Ahram" gemellt. Den Accident wier westlech vun der Haaptstad Kairo op der Autobunn geschitt, déi duerch d'Wüst a Richtung Assiut verleeft. Vu wou d'Passagéier am Touristebus sinn, ass bis elo nach net gewosst.
D'Onglécksplaz war engem Bericht vun engem AFP-Reporter no wäitraimeg gespaart ginn. Ee Kran huet den accidentéierte Bus, vun deem de komplette viischten Deel ofgerappt gouf, op d'Säit geraumt. Op der Säit vun der Strooss waren donieft iwwerall Sëtzer verstreet an deels och op der Luedfläch vum Camion ze gesinn. Déi Blesséiert goufen an e Spidol zu Gizeh bruecht.
Verkéiersaccidenter sinn an Ägypten net seelen. Den Donnéeë vun der staatlecher Statistikagence no sinn eleng am leschte Joer landeswäit knapp 6.000 Mënsche bei Verkéiersaccidenter ëm d'Liewe komm.