
Bei enger Messerattack an enger Schoul an der Slowakei huet e Schüler seng Enseignante mat engem Messer ëmbruecht. Eng weider Léierin an eng Schülerin goufe beim Ugrëff vum 13 Joer jonke Schüler en Dënschdeg de Moie schwéier blesséiert. De Jong gouf der Police no festgeholl, géint hie gëtt wéinst Mord ermëttelt.
D'Attack war an enger Schoul zu Staskov, am Nordweste vum Land, dat no der éischter Unterrechtsstonn, sou den Inneminister Matus Sutaj Estok. Wéi et heescht, gouf eng 61 Joer al Enseignante déidlech blesséiert, sou Informatioune säitens de Rettungsdéngschter. Eng 44 Joer al Léierin koum mat enger Stéchverletzung an d'Spidol. Eng Schülerin gouf och schwéier blesséiert, dem Gesondheetsminister Kamil Sasko no schwieft d'Meedchen a Liewensgefor.
De slowakesche Ministerpresident Robert Fico schwätzt vun engem "tragesche Virfall" an huet den Hannerbliwwene säi Bäileed matgedeelt. De President vum Land, de Peter Pellegrini huet sech "schockéiert" doriwwer geäussert, dass nees e Schüler en Enseignant a Matschüler attackéiert huet.
Am Januar 2025 hat en 18 Joer ale Schüler bei enger Attack mat engem Messer an enger Schoul am Nordoste vun der Slowakei eng Enseignante an eng Schülerin erstach. Am Joer 2020 war bei enger Messerattack an enger Schoul am Zentrum vum Land en Enseignant ëm d'Liewe komm.