Accident um Ganges13 Kanner stierwen nodeems e Boot an Indien gekentert ass

AFP, iwwersat vun RTL
Bootsaccidenter kommen op den indesche Waasserweeër reegelméisseg vir. Dacks wéinst Iwwerluedung, mangelhaft Ëmsetzung vu Sécherheetsreegelen an engem Manktem u Rettungsmaterial.
Bei einem Bootsunglück auf dem Ganges in Indien sind mehr als ein Dutzend Kinder ertrunken.
© AFP

Rettungsekippen hunn 13 dout Kanner aus dem Ganges an Indien gezunn, nodeems en iwwerluedent Boot um Wee op en hinduistesche Festival gekentert war.

D'Boot ass en Dënschdeg den Owend am Quartier Vaishali am ëstleche Bundesstaat Bihar gekentert. Awunner aus der Géigend hu sech direkt op d'Plaz gemaach an hu probéiert, d'Kanner am Däischteren aus dem Waasser ze retten. Dobäi hu si d'Luucht vun hiren Handye benotzt, fir no den Affer ze sichen.

"Et war schonn däischter, wéi mir op eemol Kanner héieren hunn, déi no Hëllef geruff a gekrasch hunn, nodeems d'Boot gekentert war", sou en Duerfbewunner.

En aneren Zeie sot, d'Boot wier "kleng" gewiescht an "net an engem gudden Zoustand". Hien huet erkläert, datt vill ze vill Leit op engem Gefier waren, dat eigentlech nëmme fir e puer Persoune geduecht war. "Et ass schrecklech. E puer Familljen hunn all hir Kanner verluer", sot hien.

Sechs Persoune konnte lieweg aus dem Waasser gerett ginn, dorënner zwee Kanner, déi sech an engem kriteschen Zoustand befannen.

"Mir hunn alles probéiert, fir si ze reaniméieren, mee 13 Kanner ware schonn dout", sou den Dokter Nirmal Kumar. Véier Kanner an zwee Erwuessener sinn an d'Spidol bruecht ginn.

"De Verloscht vu Mënscheliewen duerch dëse Bootsaccident zu Vaishali deet zudéifst wéi", sot de Premier Narendra Modi an enger Erklärung e Mëttwoch. Hien huet och Entschiedegunge fir d''Famillje vun den Affer ugekënnegt.

Back to Top
CIM LOGO