Nigeria130 Schüler, déi gekidnapped goufen, konnte befreit ginn

AFP, iwwersat vun RTL
Den 21. November waren arméiert Männer an den Dortoire vun enger kathoulescher Schoul agedrongen an haten do d'Kanner entféiert.
D’Kanner goufen aus der St Mary’s Private Catholic Secondary School vun arméierte Männer entféiert.
© IFEANYI IMMANUEL BAKWENYE/AFP

Ee Mount, nodeem 300 Schülerinnen a Schüler aus engem kathouleschen Internat am Nigeria entféiert goufen, sinn elo och déi lescht Kanner nees fräi. “Weider 130 Schüler, déi am Bundesstaat Niger entféiert goufen, fräigelooss, keen ass méi a Gefaangenschaft”, esou e Spriecher vum President op X. Bei sengem Post war eng Foto vun de Kanner, wéi dës laachen. Schonn Ufank Dezember waren der 100 fräikomm.

Enge 50 Kanner war et scho kuerz no der Entféierung gelongen, ze flüchten. Enn November waren der eng 300 vun hinnen aus dem St- Mary’s-Internat zu Papiri entféiert ginn. D’Kanner haten tëscht 8 an 18 Joer anet waren och e puer Mataarbechter mat ënnert den gekidnappten Affer.

Zanter Jore gräife schwéier arméiert kriminell Banden am Nordwesten an am Zentrum vum Nigeria un. Si entféiere Mënschen a fuerdere Suen, fir si nees fräigeloossen. Dausende Leit sinn dobäi schonn ëm d’Liewe komm. Déi kriminell Banden hunn hir Lager a grousse Bëscher, déi sech iwwer verschidde Bundesstaaten deenen. Virun iwwer 10 Joer hat de Kidnapping vu ronn 276 Meedercher aus enger Schoul zu Chibok international fir Opreegung gesuergt. Vun de Meedercher feelt haut nach all Spuer.

Am Nigeria gëtt et vill Konflikter tëscht de verschiddenen ethnesche Gruppen oder Reliounen, woubäi ëmmer nees Chrëschten oder Moslemen ëm d’Liewe kommen. Dat populatiounsräichst Land an Afrika ass fir de gréissten Deel an zwee opgedeelt, mat de Moslemen am Norden an de Chrëschten am Süden. Déi nigerianesch Autoritéite weisen ëmmer nees d’Virwërf zeréck, datt si d’Chrëschten am Land poursuivéieren.

Ufank November hat d’US-Regierung Nigeria wéinst dem presuméierte geziilten Ëmbrénge vu Chrëschten mat engem Asaz vun der Arméi gedréit. Den US-President Donald Trump behaapt, d’Chrëschte wieren am Nigeria enger “existenzieller Menace” ausgesat.

Back to Top
CIM LOGO