Pakistan14 Kanner bei Brand a Spidol zu Islamabad ëm d'Liewe komm

AFP, iwwersat vun RTL
Bei engem Feier an engem Spidol an der pakistanescher Haaptstad Islamabad sinn de lokalen Autoritéiten no 14 Kanner ëm d'Liewe komm.
© AAMIR QURESHI/AFP

D'Feier wier um drëtten Etage vum "PIMS Hospital" an der Maternité ausgebrach, heescht et vun offizieller Säit. Weider Detailer, beispillsweis zur Ursaach vum Feier, ginn et den Ament nach net.

Am Pakistan ëmmer nees zu Bränn a gréissere Gebaier, dat wéinst schwaache Sécherheetsstandarden an engem Manktem u konsequente Gesetzer. Bei engem Feier an engem Akafszenter an der Stad Karachi waren am Januar 65 Leit gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO