
Beim engem Bootsaccident am Südweste vum Vietnam si 15 Leit gestuerwen. Bei den Affer handelt et sech ëm Touristen aus Indien. De Moment vum Incident waren 32 Touristen a 4 Membere vum Equipage u Bord vum Schnellboot.
21 Persoune konnte gerett ginn. Si goufen hospitaliséiert. Vun de Persounen, déi gerett goufen, schwiewen der zwou aktuell nach a Liewensgefor.
Am Vietnam kënnt et ëmmer nees zu méi schwéiere Bootsaccidenter.