E Méindeg mat Cagoullen duerch Arel gelaf15 Leit wéinst Verdacht op Brandstëftung, Rebellioun a Vandalismus festgeholl

Samantha Weber
E Méindeg si Gruppe Leit mat Cagoullen duerch Arel gelaf an hu verschidde Saache wéi Poubellen oder Bänken a Brand gesat. Donieft hu si och mat Knupperten op Leit a Gebaier geschoss.
Och op der Place Léopold zu Arel waren d'Gruppen ënnerwee.
© Hombre del rio

Wéi d'Police vun der Zon Arel-Atert-Habay-Maartel zesumme mam Parquet du Luxembourg matdeelen, goufen e Méindeg zu Arel eng Partie Leit festgeholl.

Dës hätte sech e Méindeg de Moie vun 8 Auer un zu Arel versammelt a si mat Cagoullen oder soss Gesiichtsverdeckung duerch verschidde Stroosse gelaf. Dobäi hu si verschidde Saache wéi Poubellen oder Bänken a Brand gesat. Donieft hu si mat Knupperten op Passanten, Studenten, Butteker a Privathaiser geschoss a pyrotechnesch Géigestänn agesat. Dat besonnesch an der Géigend vum Institut Technique Etienne Lenoir. Déi kleng Bränn hätte vu Polizisten a Pompjeeë kënne geläscht ginn, gëtt am Schreiwes betount.

De Beamte wier et dann och gelongen, Verdächteger z'identifizéieren, Ermëttlungen ze lancéieren a Saisien ze maachen, iwwer déi de Parquet du Luxembourg informéiert gi wier. D'Ermëttlunge géinge Brandstëftung, Rebellioun a Vandalismus betreffen, deenen de Parquet prioritär géing nogoen.

Am Laf vun e Méindeg de Mëtteg goufe 15 Leit festgeholl, dovun 10 Mannerjäreger. D'Leit, déi festgeholl goufen, komme vu verschiddene Plazen aus der Provënz Lëtzebuerg a wieren net onbedéngt zu Arel an der Schoul.

Weider Detailer géing een net nennen.

Back to Top
CIM LOGO