
E 56 Joer ale Motocyclist ass an der Nuecht op en Donneschdeg zu Grenoble gestuerwen, nodeems hie vun engem vill ze séieren Automobilist getraff ginn ass. De schëllege Chauffer soll mat enger Vitess vu ronn 150 Kilometer an der Stonn ënnerwee gewiescht sinn, wéi et zum Ongléck koum, sou déi zoustänneg Police.
Just nodeems de vill ze séieren Auto matten an der franséischer Stad enger Patrull opgefall war, koum et zum fatalen Accident, well de Chauffer duerch eng rout Luucht gerannt war. Fir de Motocyclist war all Hëllef ze spéit komm, wärend den 31 Joer alen Automobilist, deen net blesséiert ginn ass, nach op der Plaz festgeholl ginn ass.