Ägypten16 Doudeger an 28 Blesséierter no Busaccident op Sinai-Hallefinsel

AFP, iwwersat vun RTL
Bei engem uerge Busaccident op der ägyptescher Sinai-Hallefinsel sinn e Mëttwoch 16 Persounen ëm d'Liewe komm, 28 weiderer goufe verwonnt.
Den accidentéierte Bus op der Streck tëschent Dahab an Nuweiba.
Den accidentéierte Bus op der Streck tëschent Dahab an Nuweiba.
© STR/AFP

Geschitt ass den Accident op der Strooss tëschent den zwee beléifte Vakanzenuerter Dahab an Nuweiba am Süde vum Gebitt, esou déi ägyptesch Santé e Mëttwoch. 20 Rettungsween waren op der Plaz, fir déi Blesséiert a Spideeler ze bréngen. Insgesamt waren 43 Persounen u Bord vum Bus.

Wéi et genee zum Accident koum, ass den Ament onkloer. Verkéiersaccidenter sinn an Ägypten keng Seelenheet. Récksiichtsloost Fuerverhalen a Lacunne bei der Maintenance vu Gefierer zielen dobäi zu den heefegsten Ursaachen. Zejoert sinn dem ägyptesche Statistikamt no am ganze Land bal 6.000 Leit bei Verkéiersaccidenter gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO