Op Schoul am US-Bundesstaat Oregon16 Joer alen Ugräifer huet dräi Kanner an een Erwuessenen erschoss

RTL mat AFP
E weidert Kand an e Proff si liewensgeféierlech blesséiert ginn. Den Täter ass vun engem Mann, deen nieft der Grondschoul wunnt, erschoss ginn.
Virun der Schoul gi Käerzen ugefaangen a Blumme néiergeluecht, fir den Affer ze gedenken.
Virun der Schoul gi Käerzen ugefaangen a Blumme néiergeluecht, fir den Affer ze gedenken.
© MATHIEU LEWIS-ROLLAND/Getty Images via AFP

Zu Bend am US-Bundesstaat Oregon huet e 16 Joer alen Teenager an enger Grondschoul dräi Kanner an e Proff erschoss. D'Kanner war fënnef, aacht an eelef Joer al, sou d'Police aus der Stad, déi am Nordweste vun den USA läit. E weidert Kand an e Proff wiere liewensgeféierlech blesséiert ginn. De 16 Joer alen Täter ass nach op der Plaz erschoss ginn.

D'Beamte ware géint 13 Auer Lokalzäit alarméiert ginn. Wéi si an d'Silver-Rail-Grondschoul komm sinn, war den Ugräifer schonn dout. "De Verdächtegen ass vun engem Noper erschoss ginn, dee gesinn hat, wéi dësen an d'Schoul gaangen ass a war du mat senger Waff hannendru gaangen", sou de Policechef vu Bend.

Et ass deen 52. Virfall mat Schosswaffen an enger US-amerikanescher Schoul fir dëst Joer. 28 Leit sinn dobäi gestuerwen. Fir e Freideg ass an alle Schoule vum Bezierk den Unterrecht annuléiert ginn. Dem Aktivistegrupp "Gun Violence Archive" no ass et dëst Joer schonn zu méi wéi 360 Virfäll mat Schosswaffe komm, bei deene méi wéi véier Persoune gestuerwe sinn.

Back to Top
CIM LOGO