
De Stuerm Austen huet e Freideg de Moien a Frankräich fir vill Problemer gesuergt. Wéinst staarke Wandstéiss stinn den Ament 23 Departementer ënner Alert Orange. Besonnesch staark betraff sinn d'Bretagne, d'Pays de la Loire an d'Normandie, wou ronn 161.000 Stéit ouni Stroum sinn. Och am Zuch-, Fluch- a Stroosseverkéier koum et zu gréisseren Aschränkungen.
Donnéeë vum franséische Wiederdéngscht Météo-France no goufen an der Nuecht op e Freideg an der Bretagne an am Weste vum Departement Manche Wandspëtzte vun tëscht 120 an 140 Kilometer an der Stonn gemooss. De Wand soll eréischt géint de spéiden Nomëtteg däitlech noginn. Bis dohi bleiwen eng Rei Plagen aus Sécherheetsgrënn gespaart.
De Stuerm huet och d'Stroumversuergung staark beaflosst. Am stäerkste getraff ass d'Bretagne, wou e Freideg de Moien 128.000 Stéit ouni Stroum waren. An de Pays de la Loire waren et 19.000 Stéit, an der Normandie nach emol ronn 14.000.
Météo-France warnt zousätzlech viru Beem, déi no der laanger Dréchent am Summer geschwächt sinn a bei de staarke Wandstéiss méi séier kënnen ëmfalen oder Äscht verléieren.
Och de Verkéier ass net verschount bliwwen. D'SNCF huet verschidde Sécherheetsmesurë geholl. An der Normandie gouf den Zuchverkéier op de betraffene Linne komplett agestallt. An der Bretagne an am Norde vu Frankräich koum et zu deelweise Streckespärungen. Och e Samschdeg muss nach mat Stéierunge gerechent ginn.
Am Laf vum Dag sollen och d'Île-de-France souwéi d'Departementer Oise an Aisne ënner Alarmstuf Orange gesat ginn. Well déi genee Trajectoire vum Stuerm nach ëmmer onsécher ass, schléisst Météo-France net aus, datt nach weider Departementer betraff kéinte sinn.