Saarland19 Joer ale Mann festgeholl, dee Fra soll erstach hunn

RTL mat AFP
Zu Wadern am Saarland, net wäit vun der Grenz ewech, ass e Freideg de Moien e Mann festgeholl ginn, deen en Donneschdeg den Owend eng Fra soll erstach hunn.
D'Police konnt de jonken Täter nach um Owend vun der Dot festhuelen.
© ALEXANDER POHL/NurPhoto via AFP

En 19 Joer ale Mann soll an engem Haus am Saarland eng Fra erstach hunn. Hien ass virleefeg festgeholl ginn, mellt d'Police vu Saarbrécken um Freideg de Moien.

Hie steet am Verdacht, en Donneschdeg den Owend an der Uertschaft Wadern eng 45 Joer al Fra erstach ze hunn. Eng Bewunnerin vum nämmlechten Haus hat d'Fra schwéier blesséiert am Beräich vun der Entrée am Staddeel Lockweiler fonnt. Wadern läit ronn 50 Kilometer vun der lëtzebuergescher Grenz ewech.

Wärend d'Nopesch d'Rettungsdéngschter alarméiert huet, wier de Mann geflücht. Hie konnt awer net wäit ewech festgeholl ginn. Et soll sech ëm e Bekannte vum Jong vun der Fra handelen. D'Affer ass nach op der Plaz vum Ugrëff gestuerwen. Wat d'Hannergrënn vun der Dot sinn, ass nach onkloer.

Back to Top
CIM LOGO